
Et huet sech erausgestallt, datt et e Fuerverbuet géint de Chauffeur gëtt. Den Auto gouf saiséiert an de Chauffeur gouf protokolléiert.
Zu Brouch op der Areler Strooss gouf en Automobilist gestoppt, dee virdrun nawell negativ opgefall war. De Chauffeur war direkt e puer mol an de Géigeverkéier geroden. Bei der Kontroll hat hie Schwieregkeete fir net anzeschlofen, derbäi koume Gläichgewiichts-Stéierungen. Den Alkohol an den Drogentest waren negativ. Et besteet de Verdacht, datt Medikamenter am Spill waren. De Chauffeur gouf fir weider Tester an d'Klinik bruecht.