
Géint 2.30 Auer ass um CR115, tëscht dem Bill a Richtung Biissen, en Auto wéinst glater Strooss un d'Schleidere an huet sech e puer Mol iwwerschloen. Déi 4 Passagéier am Ongléckswon goufe liicht blesséiert.
Um kuerz virun 19 Auer krute sech zu Esch an der Rue Henri Koch 2 Ween ze paken. Hei gouf et ee Blesséierten.
Och zu Bartreng an der Mamerstrooss gouf et um 20.42 Auer eng Kollisioun tëscht 2 Autoen, mat och hei enger Persoun, déi verwonnt gouf.
Um 3.53 Auer gouf et zu Waarken ee weideren Autosaccident. Detailer gi keng genannt, et ass och kengem eppes geschitt.