
Am Asaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Réiden, d'Pompjeeë vu Gréiwels, d'Air Rescue an de Samu vun Ettelbréck.
Dräi Mol koum et e Mëttwoch zu engem Accident, bei deem sech en Auto iwwerschloen huet. Nieft Kimm a Rombech-Maartel war dat och de Fall tëscht Guedber an Hiefenech an tëscht Këntzeg a Mietzeg.
Verwonnt goufen 2 Leit bei engem Verkéiersongléck op der Houschterdéckt op der Haaptstrooss. Zwee Autoe sinn hei géint 12.30 Auer kollidéiert. Op der Plaz waren d'Ambulanz vun Dikrech an d'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Housen.
Zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer koum et e Mëttwoch de Mëtteg och um CR145 tëscht Kanech a Greiweldeng. Blesséiert gouf bei dem Accident 1 Persoun. Sur place waren d'Ambulanz vu Réimech an d'Pompjeeë vu Kanech.
E Mëttwoch am spéiden Nomëtteg huet de CGDIS gemellt, dass e Foussgänger zu Déifferdeng an der Zolwerstrooss vun engem Auto ugestouss an dobäi verwonnt gouf. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vun Déifferdeng hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert.
RTL NEWS: Iwwerschloen: Schroen Accident um CR129 tëscht Guedber an Hiefenech