PoliceAutoen a Brand zu Fenneng an tëschent Rodange an Déifferdeng

RTL Lëtzebuerg
E Donneschdegowend géint 22 Auer hunn op e puer Plazen am Land Autoe gebrannt.
© CGDIS

Zu Fenneng war en Autoschauffer op der Route d’Esch ënnerwee, wéi hie bemol bemierkt huet, datt säin Auto gebrannt huet. D’Pompjeeë vu Beetebuerg konnten de Brand ënner Kontroll bréngen, allerdéngs net verhënneren, datt d’Gefier komplett ausbrennt. Blesséiert gouf dobäi keen. Wärend dem Asaz hat d’Police ausserdeem e Mopedfuerer ugehalen, dee wärend dem Asaz trotz Ofspärung probéiert huet, iwwert den Trottoire laanscht ze fueren. Well hie bei der uschléissender Kontroll keng gülteg Assurance fir den Tëff virweise konnt, krut hien d’Gefier ofgeholl an eng Geldstrof.

Op der CR176 tëschent Déifferdeng a Rodange gouf op der Héischt vun enger Grillplaz een ofgestallten Auto gemellt, dee Feier gefaangen huet. D’Pompjeeë konnten och hei de Brand ënner Kontroll bréngen, mä net verhënneren, datt d’Gefier ausbrennt. Ermëttlunge goufen ageleet.

Da mellt d’Police nach zwou alkoholiséiert Persounen, déi en Donneschdeg kuerz virun 18 Auer an engem Akafszentrum zu Bartreng randaléiert hunn. Well ee vun hinnen eng Gefor fir sech selwer an Drëttpersounen duergestallt huet, huet dës Persoun missen an de Passage-Arrest.

Back to Top
CIM LOGO