Eng Partie Permisen agezunnAutomobilist am Rond-point zu Luerenzweiler ageschlof a vu Police erwächt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg huet d'Police nees op enger Partie Plaze Fürerschäiner wéinst ze héijem Alkoholpeegel agezunn.
© Laurent Weber / RTL

En Donneschdeg géint 17.30 Auer war der Police e Chauffer op der A7 a Richtung Norde gemellt ginn, deen duerch seng Fuerweis opgefall war. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt den Automobilist ze vill gedronk hat.

Bei enger Kontroll an der Rue Erasme um Kierchbierg géint 1 Auer gouf e weidere Chauffer mat ze héijem Alkoholtaux erwëscht.

Zu Luerenzweiler war enger Patrull kuerz virun 2 Auer en Auto opgefall, dee matten am Rond-point stationéiert war. Wéi sech erausgestallt huet, war den Automobilist hannert dem Steier ageschlof. Och hei ass den Alkoholtest positiv ausgefall.

An alle Fäll gouf de Permis wéinst dem héije Resultat agezunn.

Back to Top
CIM LOGO