
Net schlecht gestaunt huet eng Police-Patrull um Boulevard Royal an der Stad, wéi se bei enger rouder Luucht stoung, déi och op rout war, a vun hannen e Chauffeur ongebremst laanscht se gerannt koum, a weider 4 rout Luuchten net beuecht hat. De Mann gouf an der Neier Avenue ugehalen - hien hat däitlech ze vill gedronk a krut de Permis ofgeholl.