Alkohol um SteierAutomobilist fiert Mann iwwert de Fouss a rennt an eng Bänk

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg huet d'Police nees e puer Automobilisten erwëscht, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.
Police
Police
© Police

Kuerz no Hallefnuecht hat e Samschdeg e Mann bei der Police een Auto gemellt, deen him um Trottoir um Cents iwwert de Fouss gefuer an an eng Bänk gerannt war. D'Beamte hunn d'Gefier kuerz drop an der Rue de la Tour Jacob lokaliséiert. Den Automobilist an d'Fra um Bäifuerersëtz haten ze vill gedronk. Well de Mann sech wärend der Kontroll onkooperativ a provokant géigeniwwer vun der Police beholl huet, huet hien d'Nuecht am Arrest verbruecht an de Permis war nach op der Plaz fort. De Foussgänger gouf fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht.

An der Rue de la Libération zu Diddeleng gouf dann nach kuerz no 1 Auer en Automobilist vun der Police gestoppt. Hie war ze séier ënnerwee an ass am Zickzack gefuer. Och hei hat d'Persoun hannert dem Steierrad ze vill gedronk.

Back to Top
CIM LOGO