Tëscht Bëschdref an OpenthaltAutomobilist verléiert Kontroll a kritt ë.a. Schëld ze paken
E Méindeg de Moie géint 7.15 Auer huet en Automobilist tëscht Bëschdref an Openthalt d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass accidentéiert.
Fir d’éischt krut en e Verkéiersschëld ze paken, éier en dunn am Rampli gelant ass. Éischten Informatiounen no gouf de Chauffer verwonnt. D’Strooss huet wärend den Opraumaarbechte musse fir den Trafic gespaart ginn.
De CGDIS mellt iwwerdeems ee weideren Accident ëm kuerz no 8.30 Auer. Op der RN12 tëscht dem Rollengergronn an dem Briddel sinn zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.