
Hei hat een Automobilist extrem vill Chance, wei hien op glater Strooss mat der Bäifuerersäit ee Bam ze pake kritt huet a just liicht blesséiert gouf.
Den Opprall war esou hefteg, dass de Motor riets niewent der Strooss louch an den Auto lénks an enger Wiss.
Op der Plaz waren eng Ambulanz aus der Fiels, d'Pompjeeën aus der Fiels a vu Fëschbech wéi och d'Police vu Miersch.
Accident och an der Nuecht op e Sonndeg tëscht Réimech a Stadbriedemes. Eng Persoun gouf um 2.30 Auer blesséiert, wéi se mat hirem Auto an d'Leitplank gerannt ass.