Zeienopruff wéinst FuerverhalenAutomobilist wollt Fra op A3 direkt e puer Mol ausbremsen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg, 13. November, huet en Automobilist wuel gemengt, e wier eleng op der Autobunn ënnerwee an huet domadder déi aner Automobilisten a Gefor bruecht.
© RTL

Geschitt ass dëst wéi gesot e Sonndeg tëscht 19.10 Auer an 19.15 Auer. Den Automobilist, dee gesicht gëtt, war op der A3 a Richtung Frankräich ënnerwee. Tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Ausfaart Beetebuerg/Léiweng huet hie probéiert, eng Automobilistin auszebremsen, dat direkt e puer Mol.

Et ass souguer sou wäit gaangen, dass hie streckeweis komplett op der Autobunn stoe bliwwen ass an doduerch den Trafic eegenhänneg zum Stëllstand bruecht huet. Bemol ass de Mann dunn och nach aus sengem Auto geklommen an ass a wëll gestikuléierend op eng Automobilistin hannert him duergaangen.

Den onbekannte Mann war mat engem groe Sport Coupé ënnerwee, méiglecherweis e Mercedes. De Mann selwer gouf op Mëtt 30 geschat, hat eng schlank Figur an donkelblond Hoer.

Wien Informatiounen zum Chauffeur, respektiv zum Auto huet, an deem de Chauffeur ënnerwee opgefall war, soll sech bei der Police vum Réiserbann mellen, dat um (+352) 244 61 1000 oder iwwer Mail op police.reiserbann@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO