
En Automobilistin hat do d'Kontroll iwwert hire Won verluer a krut 2 Beem op der rietser Stroossesäit ze paken. De Schock war därmoossen hefteg, dass de Motor aus dem Gefier geschleidert gouf. Den Auto huet sech duerno e puer Mol iwwerschloen a krut dobäi nach ee Gefier ze paken, dat entgéint gefuer koum.
D'Fra gouf am Auto ageklemmt an huet misse befreit ginn. Si koum schwéier blesséiert an d'Spidol. Wärend de Rettungs- an Opraumaarbechten war d'Streck komplett fir den Trafic gespaart. Et gouf protokolléiert.