ZeienopruffAutomobilistin tëscht Steenem an Iechternach an e Bam gerannt

RTL Lëtzebuerg
Nodeems e Samschdeg géint 12 Auer eng Automobilistin e Bam ze pake krut, freet d'Police elo no eventuellen Zeien.

D’Fra ass aus nach net gekläerte Grënn mat engem Bam kollidéiert a gouf dobäi schwéier blesséiert.

Eventuell Zeie vum Accident solle sech bei der Police mellen um (+352) 244 72 1000 oder via Mail op police.echternach@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO