Appell vum Lex DellesAutopedestre an der Natur amplaz Spadséiergang duerch de Supermarché

RTL Lëtzebuerg
D'Fermeture vun de Restauranten a Caféen ass "net aleatoresch", et gouf präzis Grënn dofir, sot de Mëttelstandsminister onse Kolleege vun RTL 5minutes.

De Schwaachpunkt vum Horesca wier, datt Leit sech 2 bis 3 Stonnen ouni Mask versammelen an de Virus sech do ka verbreeden. De groussen Ënnerscheed tëscht dem Horesca an dem Handel ass dem Lex Delles no, datt een de Mond- an Nueseschutz am Restaurant oder Café ofhëlt.

Nodeems Biller vu grousse Rassemblementer vu Leit an de Supermarchéen Diskussioune lassgetrëppelt hunn, wier awer och reagéiert ginn. Et gouf ee Konzept op d'Bee gesat, fir d'Fluxe vu Leit ze geréieren, sou de Lex Delles.

Déijéineg, déi an de Supermarché ginn, fir ze spadséieren, rifft hien op, léiwer en „Autopedestre" ze maachen. De ganzen Interview mam Mëttelstandsminister fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO