
Wéi et vum 113 heescht, wieren an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg véier Fäll gemellt ginn, an deenen Autoen am Norde vum Land geklaut goufen. Och een Autosdéifstall an der Nuecht vun Dënschdeg op Mëttwoch kéint op de Konto vun dem oder den nämmlechten Täter goen.
Am Kader vun der Sich konnt ee verdächtegt Gefier lokaliséiert ginn. Bei senger Flucht koum de Chauffer allerdéngs vun der Strooss of a koum an engem Feld zu Kruuchten un d’Halen, éier de presuméierten Täter zu Fouss an e Bësch geflücht ass.
Nom Täter gouf gesicht, dat awer ouni Erfolleg. D’Police hat um Freideg de Moie gewarnt, keng friem Persounen an där Géigend mam Auto matzehuelen. D’Police sicht elo no engem giele Renault Clio RS, dee mat den Déifställ an Zesummenhang stoe kéint. All Hiweiser si fir d’Kriminalpolice ënnert der E-Mail-Adress spj.rgb@police.etat.lu.