
Wéi OGBL an LCGB haut matdeelen, wier um Freideg de Moien en Avenant fir den neien Kollektivvertrag mat der Direktioun vun der Chaîne signéiert ginn.
E prinzipiellen Accord hat et ewell op Vältesdag ginn. Bis deen Dag haten et zanter Dezember viru verschiddene Butteker vum Cactus ëmmer nees animéiert Protest-Piqueten ginn.
Den neien Text, deen 3 Joer, bis Enn 2022 leeft, gesäit ënner anerem eng Hausse vun de Paien, méi e séieren Avancement an de Karriären an och exzeptionell Primme vir.
Och d'Pause ginn vu 15 op 20 Minutten eropgesat. Betraff sinn 3.200 Leit, déi fir de Cactus schaffen.
Wéi d'Gewerkschafte schreiwen, wier domat, no laangen an schwieregen Verhandlungen, de Sozialkonflikt eriwwer. Et kéint een elo nees zu engem konstruktiven Dialog mateneen iwwergoen.