
An dat, well hie via parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo gefrot gouf. Et geet ëm ëmmerhi 14 AWACS-Boeingen, déi zu Geilenkirchen bei Oochen stationéiert sinn, mä wéi gesot de Lëtzebuerger Fändel droen. D'Fligere sinn u sech militäresch genotzte Boeingen 707-320, där bis lo eng ronn 70 Stéck produzéiert goufen, an ënner anerem och aktuell fir d'US Air Force oder d'brittesch a franséisch Militäraviatioun fléien.
D'NATO huet decidéiert, datt dës Flott 2035 aus dem Opklärungs-Fluchverkéier erausgeholl gëtt - fir déi nächst 15 Joer Missioun awer nach z'assuréieren, gëtt nach emol an d'Fligere mam opfällege Radar investéiert. Esou gëtt d'Technik bannent de Boeingen op de leschte Stand bruecht - absënns wat d'Kommunikatiounscapacitéiten ugeet. Esou sollen och déi weider Missioune vun den AWACS-Maschinnen duerch den techneschen Upgrade verbessert a méi effikass ginn - dozou ziele Police-Missiounen an der Loft, Evakuatiounen oder och de Support vu militäreschen Aktivitéiten an der Lutte géint terroristesch Reseauen.
Weider huet den Defenseminister François Bausch präziséiert, datt d'Moderniséiere vun der AWACS-Flott keng speziell Aufgabe fir Lëtzebuerg mat sech bréngt. Ausser awer eng finanziell Participatioun, déi no engem fixe Schlëssel tëscht 15 vun den 29 NATO-Memberstaaten opgedeelt ass. Bei Ausgabe vun 1 Milliard Dollar mécht dëst fir Lëtzebuerg ronn 1 Millioun Dollar aus, dat no engem Schlëssel vun 0,10% fir eist Land.
D'nächst Joer ass iwwerdeem mat DEFENDER 2020 ee vun de gréissten NATO-Militärmanöver, deen et zanter engem Véierelsjoerhonnert an Europa gëtt, dat mat enge 37.000 implizéierten Zaldoten. D'Lëtzebuerger Arméi ass awer nëmme minimal an den Exercice agebonnen a stellt am Fréijoer d'nächst Joer eng Ekipp vu 4 Chaufferen an 2 Camione wärend 6 Wochen zur Verfügung - dës Explikatioun huet den Defenseminister iwwerdeems op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Marc Baum vun Déi Lénk ginn.