
Déi nei Vëlospist tëscht Beetebuerg an der Staat soll den Trend vum Vëlo weider promouvéieren. Stutzeg kéint ee ginn, wann een héiert, dass een Deel vun der neier Streck duerch eng Natura-2000-Zon verleeft. Grond sech Suergen ëm den Zoustand vun der Natur ze maachen, gëtt et awer keen.
“Hei ass dat méiglech, well den Impakt konnt mat enger konsequenter gemeinsamer Planung tëscht all deene betraffene Verwaltunge reduzéiert ginn. Et fënnt een och Léisunge fir den Héichwaasserschutz wéi dat hei zum Beispill mat dëser Bréck gemaach ginn ass. Et ass extra sou gebaut ginn, fir dës Problematik ze berécksiichtegen an dat ass eben de Wee no fir. D’ass net deen ee géint deen aneren, mä deen ee mat deem aneren an am beschten integréiert plangen an da maachen, sou wéi et eben hei gemaach ginn ass”, esou d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring.
Et wënscht ee sech eng “multimodal Mobilitéit”. Gemengt ass een Zesummespill aus verschiddene privaten, wéi och ëffentlechen Transportméiglechkeeten. De Vëlo soll nieft dem Auto an dem Zuch dobäi net ze kuerz kommen. Dofir gëtt de Vëlosreseau esou gutt wei méiglech un den ëffentlechen Transport ugeschloss.
“Ech si ganz optimistesch, datt an deenen nächste Jore ganz vill Vëlospisten am Bau wäerte fäerdeg ginn. An dat hei ass eng ganz ganz wichteg, well et ass déi éischt Express-Vëlospist. Déi geet herno vun Diddeleng, iwwer Beetebuerg an d’Staat, bis an den Zentrum. Sou dass ee vum Süden eng fantastesch Connectioun an d’Staat huet”, seet den Transportminister François Bausch.
Dass den Ausbau vum Vëlosreseau wéinst de laangwierege Prozedure géing gebremst ginn, léisst hien esou net stoen: “Ech mengen hei ass ee gutt Beispill, dass dat net wouer ass. Et ass esou, dass wann een dat heite vun Ufank u gutt zesumme plangt, da geet dat och. Et muss een zesummen no pragmatesche Léisunge sichen. An ech muss soen, dass mer duerch d’Zesummenaarbecht mat der Eisebunn vill Zäit gewonnen hunn.”
Eng optimistesch Haltung wann ee bedenkt, dass vun den 2018 geplangte 430 Kilometer Vëlospist nach keng 100 realiséiert goufen. Ma wann alles sou geet wéi geplangt, soll d’Vëlospist tëscht Beetebuerg an der Staat 2025 komplett ageriicht a prett fir de Verkéier sinn. 2028 soll dann och eng direkt Verbindung tëscht Diddeleng an der Staat erméiglecht ginn.
