Hôpitaux Robert SchumanAweiung vun neiem Gebai fir Jugendpsychiatrie

Pierre Jans
A Presenz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert gouf dat neit Gebai mat 30 Better nëmme fir Jonker ageweit.
Psychiatrie fir Jonker
D'Hôpitaux Robert Schuman hunn en extrat Gebai fir d'Jugendpsychiatrie ageweit.

Eng Jugendpsychiatrie, déi de Besoine vun de ganz ënnerschiddleche Patienten tëscht 13 an 18 Joer gerecht gëtt. E modernt Gebai, an deem Plaz ass fir eng modern Prise en charge. Déi nei Jugendpsychiatrie mat integréierter Schoul an den Hôpitaux Robert Schuman gouf a Presenz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert an dem Educatiounsminister Claude Meisch ageweit. Se bitt fir den Ament Entlaaschtung. Mä d‘Besoine fir Therapieplaze wuessen.

Nei Jugendpsychatrie / Reportage Pierre Jans

D'Unzuel vun de Better geet vun 23 op 30 erop. 15 Better op der Statioun fir akut Fäll, Jugendlecher, déi eng Gefor fir sech selwer oder anerer kënne sinn. Déi aner Hallschent si Better um Stack vun der Psychotherapie, wou Jugendlecher mat diverse psycheschen Doleancë kënne betreit ginn. Dat gëtt et nach eng Dagesklinik mat 20 Plazen. Den Dr. Jean-Marc Cloos, Direkter vun der Psychiatrie am Spidolsgrupp Robert Schuman freet sech iwwer déi nei Kapazitéiten. Et ass an der Dagesklinik nach ëmmer eng Waardelëscht. An ech géif soen, wann de Stack vun der Psychotherapie hei nach méi bekannt ass, wäert d‘Demande méi grouss sinn nach.

Lëtzebuerg gëtt méi grouss, d‘Demande fir psychiatresch Traitementer forcement och. Am Spidolsgesetz sinn eng Partie méi Better virgesinn, erkläert den Dr. Jean-Marc Cloos. Et géif ee sech och mat der Iddi befaassen, fir eng Psychiatrie fir jonk Erwuessener tëscht 18 a 25 Joer. Mir hunn do d'Méiglechkeet nach ëm 15 Plazen auszebauen. Mir hunn an dësem Gebai jo och e véierte Stack, deen den Ament net fir Hospitalisatioune benotzt gëtt, sou dass mir ausbaufäeg sinn.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet annoncéiert gudde Wëllen ze weisen, fir och déi Projete méiglech ze maachen.

Déi nei Ariichtung

Ugefaange mat der Schoul um zweete Stack. Déi gouf vum Tim Rinnen aus dem Educatiounsministère entwéckelt. Den Enseignement am Spidol huet u sech ganz verschidde Rollen. E soll dem Schüler eng gewësse Normalitéit erëm ginn, andeems en e Stéck vun der Schoul mat an d'Spidol bréngt. Dat anert ass d‘Kontinuitéit fir mat sengen Apprentissage kënne weiderzemaachen. Schüler fir déi et an der Schoul schwéier war, sollen hei gehollef kréien besser mat der Schoul eens ze ginn.

D‘Therapie vum concernéierte Patient huet awer Prioritéit, esou den Tim Rinnen nach. D‘Betreiung ass individuell op de Patient zougeschnidden, betount Jugendpsychiaterin Dr. Salima Aarab. Mir kucke psychiatresch, psychologesch, mir hu ganz vill verschidden Therapeuten, Ergo-, Kierper-, a Sporttherapeuten. Mir maache Musekstherapie. Bei eis sinn Infirmièren, Educateuren an och Proffen. Mir probéieren de Patient an engem ganzheetleche Konzept en Charge ze huelen. Wou sinn dem Jugendleche seng Problemer a wou seng Stäerkten?

Déi Jugendlech hei hunn Depressiounen, Angscht-, Zwangs- oder Iessstéierungen an aner mental Problemer. A jo, wéinst der Pandemie brauche méi Jugendlecher Hëllef, confirméiert d‘Dokter Aarab.

Déi raimlech Kapazitéite fir Jugendpsychiatrie sinn ee Problem. Méi akut ass de Personalmanktem, esou den Dr. Cloos, net nëmmen am medezineschen, mä och am soziale Beräich.

Back to Top
CIM LOGO