Abriecher iwwerraschtAwunnerin konnt een Täter festhalen, en zweeten ass geflücht

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg géint 11.25 Auer krut d'Police 2 verdächteg Männer an engem Appartement an der Rue de Merl an der Stad gemellt.
© RTL Archivbild

Déi Onbekannt wollten an eng Wunneng um 3. Stack abriechen. Et war e puer Mol probéiert ginn, bei der Awunnerin ze schellen, déi dat awer net direkt matkritt hat. D’Fra ass nokucke gaangen an huet 2 Brigangen dobäi erwëscht, wéi se mat verschiddene Schlëssele wollten d’Wunnengsdier opkréien. Béid Männer sinn doropshi geflücht, ee konnt d’Awunnerin awer festhalen, bis d’Police op der Plaz war.

Op Uerder vum Parquet gouf géint de Mann protokolléiert. Deen zweete Brigang, dee sech ewechmaache konnt, gouf net erëmfonnt. D’Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO