No schroem Accident op der A6Bäifuerer ass u schwéiere Blessuren am Spidol gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Beim Mann handelt et sech ëm e 35-Järegen mat Wunnsëtz a Frankräich.
© Domingos Oliveira / RTL

De Mann koum e Mëttwoch nom schlëmmen Accident op der A6 mam Rettungshelikopter an d’Spidol, ma ass am Nomëtteg am Spidol un den uerge Blessure gestuerwen.

D’Autobunn A6 a Richtung Belsch war wéinst dësem Virfall stonnelaang zou, dat bis owes kuerz no 19 Auer.

Wärend e puer Stonne gespaart - Accident tëscht Camion a Camionnette op A6, zwou Persoune blesséiert

Back to Top
CIM LOGO