Instruktioun ofgeschloss - 10 Persounen inculpéiertBal 4 Joer läit den déidlechen Accident um Stater Chrëschtmaart zeréck

RTL Lëtzebuerg
De 24. November 2019 gouf an der Stad um Chrëschtmaart um Knuedler e klenge Bouf vun enger Äis-Skulptur getraff an ass doropshi gestuerwen.
Bal 4 Joer läit den déidlechen Accident um Stater Chrëschtmaart zeréck
Instruktioun ofgeschloss - 10 Persounen inculpéiert

Suite an der Affär vum Doud vum klenge Jong viru 4 Joer um Stater Chrëschtmaart. Den Untersuchungsriichter huet d’Enquête elo ofgeschloss.

Vun den 11 beschëllegte Persounen huet de Parquet decidéiert, der 10 wéinst onfräiwëllegem Doudschlag z’inculpéieren, dorënner den Organisateur vun de Winterlights 2019.

Ob d’Affär um Enn awer um Correctionnel viru Geriicht kënnt, decidéiert elo d’Chambre du conseil. Dat deelt de Parquet um Freideg de Mëtteg an engem Communiqué mat.

PDF: Communiqué vum Parquet (27.10.2023)

Back to Top
CIM LOGO