
Dat geschitt an der aktueller Phas 4 vum "Plan de montée en charge", fir dat néidegt Fleegepersonal zur Dispositioun ze hunn a fir den Infirmieren et ze erméiglechen, sech ze erhuelen.
D'Decisioun, ob eng OP ass oder verréckelt gëtt, gëtt no Récksprooch mam Patient vum Dokter geholl.
Op d'lescht Woch gekuckt hunn ëmmerhi 586 Leit vum Spidolspersonal gefeelt, sief et well se a Quarantän oder Isolement waren, well se eng Dispense haten oder selwer krank waren.
Der Gesondheetsministesch no ass och gewosst, datt d'Eroffuere vun der chirurgescher Aktivitéit tëscht 15 a 50% läit, jee no Spideeler.
Dës Chifferen nennt d'LSAP-Ministesch op Basis vun enger urgenter parlamentarescher Fro vun der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen.
Nieft interne Grënn vun enger Deprogrammatioun ginn et och extern Grënn, wéi zum Beispill, datt a Säll, wou Patienten ënnersicht ginn, mussen Distanzen agehale ginn. Vill Patiente géifen der Paulette Lenert no hir OP och vu sech aus ofsoen.