Am LokalenBam a Flamen an dräi Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg, respektiv an der Nuecht an e Freideg de Moien zu Accidenter.
© CGDIS Archivbild

Ee Blesséierte gouf et en Donneschdeg géint 17.15 Auer op der Tréierer Autobunn, Direktioun Stad beim Centser Tunnel. Zwee Ween hate sech do ze pake kritt. Eng Persoun gouf hei blesséiert.
Zu Dummeldeng an der Iechternacher Strooss gouf et an der Nuecht op e Freideg en Accident. E Chauffer ass do géint 2 Auer mat sengem Gefier an e Bam gerannt.

Zu Fëlschdref am Eck huet géint 00.30 Auer nach e Bam gebrannt.

Da mellt de CGDIS nach en Accident e Freideg de Moie kuerz no 9 Auer. An der Stater Avenue Gaston Diederich krute sech 2 Gefierer ze paken. Hei goufen zwou Persoune blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO