
D’Aleba erwaart sech aus der Tripartite durabel Decisiounen, déi de Stéit op eng effikass Manéier géint de Kafkraaftverloscht hëllefen.
D’Bankegewerkschaft schreift an engem Communiqué, dass eng weider Indextranche nach dëst Joer wuel onëmgänglech wier, mä et wier generell Zäit, fir den Indexsystem ze reforméieren, déi vläicht och just zäitlech-begrenzt sollt gëllen, mä wouduerch e weidert Verréckele verhënnert gëtt.
D’Aleba bleift och bei hirer Fuerderung no engem gestaffelten Index, deen dem Lounniveau ugepasst wier.