Corona.letzshop.luBannent 5 Deeg goufen 1.000 Commandë gemaach

RTL Lëtzebuerg
Dat ass den éischte Bilan, nodeems déi leschte Woch d'Plattform corona.letzshop.lu an d'Liewe geruff gouf.
© Screenshot corona.letzshop.lu

D'Plattform corona.letzshop.lu adresséiert sech un déi vulnerabel Populatioun. Leit vu 65 Joer un, Diabetiker, Leit mat enger enger Auto-immun-Schwächt oder mat kardiovaskuläre Krankheeten. Geliwwert gëtt bannent 72 Stonnen.

Op der Plattform gëtt et eng Lëscht vu 70 Liewensmëttel dorënner: Nuddelen, Räis, Kaffi, Gebeess a verschidden Hygiènesartikel. Et kann een och eng Këscht Geméis oder eng Këscht Uebst bestellen.

Op Twitter betount de Mëttelstandsminister Lex Delles elo, datt d'Plattform gutt funktionéiert. Besonnesch Mëllech, Thon a Nuddele wieren déi Produiten, déi am heefegste bestallt goufen.

Wien net op den Internetsite ka goen, kann d'Plattform iwwert den 8002 92 92 erreechen.

Invité vun der Redaktioun (19. Mäerz) - Lex Delles Onlineplattform fir vulnerabel Leit: corona.letzshop.lu / Tel: 8002 9292

Back to Top
CIM LOGO