
De Chômagetaux läit bei 5,3%. Dat schreift de Statec.
Knapp 2'400 Net-Residentë sinn och bei der ADEM ageschriwwen, 8,5% méi wéi virun 12 Méint.
4'320 Persoune waren am Oktober an enger Beschäftegungsmesure.
De leschte Mount waren awer och 3'244 nei oppe Plaze bei der ADEM gemellt, dat sinn der 15% manner wéi am Oktober zejoert. Am meeschte Leit ginn am Finanzberäich gesicht, an der Comptabilitéit an an der Informatik.
Am Ganze stoungen iwwer 7'300 Plaze bei der ADEM op, wou also Leit gesicht ginn.
