
Rout-Blo amplaz Schwaarz-Blo heescht et vun elo un zu Wolz. Well mat der LSAP, der CSV an der DP just dräi Parteien am Gemengerot vertruede sinn, ginn et och net sou vill Konstellatiounen, déi méiglech sinn. Neie Buergermeeschter gëtt de Patrick Comes vun der LSAP, deen nach fir d’CSV mat an d’Wale gaange war a réischt rezent Member bei de Sozialiste gouf. Hien hätt sech virun allem op de Fändel geschriwwen, no vir an net no hannen ze kucken.
“Datt mer op dee Wee ginn, zesummenzeschaffen. Et geet ëm Wolz, et geet ëm déi ganz Gemeng an an deem Sënn ass et fir eis wichteg lo ze kucken, datt mer op een Niveau kommen a jidderee mat an d’Boot huelen an net einfach soen, mir maachen et an déi aner net. An deem Sënn wëlle mer weiderkommen.”
No de politesche Prioritéite fir de Rescht vun der Legislaturperiod gefrot, wollt de Patrick Comes näischt soen an huet op d’Schäfferotserklärung verwisen, déi an der nächster Gemengerotssëtzung gehale wäert ginn. D’Carole Weigel vun der CSV erfëllt d’Aufgabe vun der Buergermeeschtesch nach sou laang, bis de Patrick Comes vereedegt ass. Hirer Meenung no huet hire Successeur net ganz vill Spillraum.
“Mir hunn deen éischte Budget jo och proposéiert, mir wësse wou mer stinn, deen neie Budget kann, och vun de finanzielle Méiglechkeeten hier, net vill anescht ausfalen. Vun de grousse Projete wësse mer, datt déi musse virugedriwwe ginn, fir datt d’Liewen zu Wolz weider geet, also sinn net vill Méiglechkeeten do. Ech ka mer virstellen, datt déi grouss Projeten och fir si d’Prioritéit sinn, well dat einfach am Sënn vu jidderengem ass.”
Deen neie Schäfferot komplettéieren iwwregens de Maurice Muller vun der DP an de Michael Schenk vun der LSAP.
Wat d’Majorzgemeng Bech ugeet, ass nach net gewosst, wien am neie Schäfferot sëtze wäert. D’Auswiel ass awer net riseg. Vun deene 5 Conseilleren, déi d’Motion de censure matgedroen hunn, huet den Emile Bohnenberger eis virun dräi Woche gesot, datt hien net an ee Schäfferot wéilt. Nächstgewielte war als Fënneften de Max Pesch, dee bis elo als Spriecher vun der Oppositioun opgetrueden ass a wuel neie Buergermeeschter wäert ginn. Als politesch Prioritéiten nennt hien dës Punkten:
“Et si Saache wéi de kommunale Wunnengsbau, deen eiser Meenung no net genuch an d’A gefaasst gouf, do huet d’Gemeng awer ganz vill Potenzial. Et si Verkéiersproblemer, déi et nach ëmmer gëtt, déi ugepaakt goufen, awer net an deem Elan wéi mir eis dat virgestallt hunn. Dat misst ganz sécher mol op de Leescht geholl ginn.”
Zudeem sollt rëm besser am Gemengerot zesummegeschafft ginn. Dozou kéint vläicht och bäidroen, datt sech d’Buergermeeschtesch vu bis elo, d’Jill Goeres, an d’Schäffin Nathalie Wohlfart ganz aus dem Gemengerot zeréckzéie wäerten. Dowéinst wäerten dat nächst Joer Komplementarwalen organiséiert ginn. D’Jill Goeres gesäit dat duerchaus als Chance.
“Ech denken, datt dat eng flott Méiglechkeet ass, datt zwou Plazen am Gemengerot fräi ginn, fir datt sech zwou nei motivéiert Persoune do dra kënne mellen an dann och Projeten an der Gemeng mat kënne realiséieren.”
Mat Bléck op den eegene Bilan wier si houfreg op d’Zesummenaarbecht am Schäfferot an op dat, wat een ëmgesat hätt. Si géing op alle Fall mat engem gudde Gewësse goen an no vir kucken.
A wat deen neie Schäfferot zu Bech ugeet, sou wäert deen den 12. Januar um 6 Auer owes am Huis clos gewielt ginn.