Neie Wëlzer Buergermeeschter Patrick Comes"Et gëllt lo, no vir ze kucken"

Marc Hoscheid
Den LSAP-Politiker steet elo un der Spëtzt vun enger rout-bloer Koalitioun, d'CSV muss an d'Oppositioun.
© Marc Hoscheid

Wolz huet een neie Buergermeeschter. E Méindeg de Moien huet de Gemengerot am Huis clos de Patrick Comes vun der LSAP op dee Poste gewielt. De Schäfferot komplettéieren de Maurice Muller vun der DP an de Michael Schenk vun der LSAP. Déi nei LSAP-DP-Koalitioun léisst d’Majoritéit vu bis elo aus CSV an DP of.

Kuerz virum Vott vum neie Schäfferot war eng Motion de censure géint dee viregte Schäfferot ronderëm déi fréier Buergermeeschtesch Carole Weigel mat de sechs Stëmme vun der LSAP-Fraktioun a vun den zwee DP-Conseillere Maurice Muller an Tina Weber ugeholl ginn. Virun zwou Woche war schonn de Budget mat deem selwechte Resultat verworf ginn.

Wärend d’Carole Weigel an d’Chantal Kauffmann, bis elo CSV-Schäffin, am Gemengerot bleiwen, zitt sech den Amel Cosic, bis elo DP-Schäffen, aus der Politik zeréck. Fir hie wäert de Fons Arend an de Conseil noréckelen. De Maurice Muller an d’Tina Weber haten de Broch vun der Koalitioun virun zwou Wochen an éischter Linn domadder begrënnt, datt si net genuch vum Schäfferot mat agebonne gi wieren. D’Carole Weigel an den Amel Cosic haten dee Reproche zeréckgewisen a vu Spannungen an der Wëlzer DP geschwat.

“Et gëllt lo, no vir ze kucken”

Hie wéilt elo no vir kucken an am Sënn vu Wolz schaffen, huet de Patrick Comes direkt no der Sëtzung gesot. Dono gefrot, ob hien dervun ausgeet, datt d’Oppositioun an Zukunft konstruktiv matschaffe wäert, war et dës Äntwert:

“Dat musse si wëssen, wéi si et wëlle maachen. Mir huelen op jiddwer Fall jidderee mat an d’Boot a mir hoffen, datt och wa mer keng Akzeptanz solle kréien, mee et geet ëm d’Basis, ëm d’Biergertum dobaussen a méi ass lo net ze soen. Mir wëlle lo kee méi benodeelegen, dat hu mer jo och ni gemaach, mee et ass eben e Punkt, dee mir eis jo och net erausgesicht hunn. Et ass eben de Fait, deen et lo ass an et gëllt lo, no vir ze kucken.”

Wéi eng politesch Prioritéiten ee fir de Rescht vun der Legislaturperiod setze wäert, wollt de Patrick Comes nach net verroden an huet op d’Schäfferotserklärung verwisen, déi wärend der nächster Gemengerotssëtzung gehale wäert ginn. Deen neie Schäfferot, zu deem nach de Maurice Muller vun der DP an de Michael Schenk vun der LSAP gehéiere wäerten, gëtt wuel am Laf vum Januar vereedegt.

Weider Artikelen zum Thema



Back to Top
CIM LOGO