Nom Wuerentransport iwwer d’Schinn an op der Strooss, klammen d’CFL elo an d’Geschäft vun der Banneschëfffaart an. Mat Luxport soll eng strategesch Partnerschaft an der Kontinuitéit opgebaut ginn. Zesummen nach méi staark am Logistik-Geschäft Fouss faassen.
“Hei zu Mäertert gëtt Sand oder Salz, oder och Schrott ëmgeschloen. Wat mir bis elo net gemaach hunn. Dat heescht, do wäerte mer eis Servicer, eis Produite kënnen erweideren. Domat entsteet eng ganz grouss Complementaritéit vum Angebot, wat mer kënnen de Clientë presentéieren. Dat ass dann nach méi e multimodal Angebot wéi virdrun”, sou de Marc Wengler, CFL-Generaldirekter.
CFL Cargo, dat sinn haut 16 Joer Erfarung, 12 Entreprisen a fënnef Länner. Hei zu Lëtzebuerg schléit d’Häerz zu Beetebuerg-Diddeleng. Am intermodale Beräich, wou Schinn a Strooss verbonne ginn, mat Strecken Direktioun Süden: Italien, Frankräich, Spuenien; awer och erop bis den Hafen vun Antwerpen. Den Ëmsaz läit bei 300 Milliounen Euro.
Luxport, dat sinn 285 Mataarbechter. Mat Aktivitéite vu Banneschëfffaart bis d’Transportfirma Lorang. Hei läit den Ëmsaz bei 63 Milliounen.

“Il y a tout un travail à faire, probablement au Niveau de l’intermodalité. Le port de Mertert transborde aujourd’hui des conteneurs de la barge vers la route. De notre côté à Bettembourg nous transbordons principalement du train vers la route. Avec deux grands ports qui sont Anvers et Rotterdam. Notamment nous travaillons ensemble sur ces axes-là. Nous pouvons probablement renforcer notre offre. Un second axe de travail sera probablement le développement des activités logistique d’entreposage”, dat seet d’Barbara Chevalier, Responsabel fir strategesch Entwécklunge bei den CFL.
Am Mäerter Hafen sinn, iert d’CFL an d’Kapital erageklomme sinn, Etüde gelaf fir Hydrogène ze produzéieren. Déi éischt Tankstell am Land steet scho bei den CFL zu Beetebuerg-Diddeleng. E weidert Beispill, wéi complementaire béid Partner si kennen.
“La prise de participation des CFL dans le groupe Luxport s’inscrit dans une logique de continuité. Nous voulons vraiment respecter la stratégie, les projets qui sont actuellement en cours. Mieux les comprendre. Voir de quelle manière on peut y contribuer et cela en bonne coopération avec les actionnaires existants”, sou d’Barbara Chevalier weider.
D’CFL ginn no éischten Analysen och dovun aus, datt de Mäerter Hafen sou fit ass, dat mëttelfristeg keng grouss Investissementer néideg sinn. Wéi vill d’Transaktioun d’CFL kascht huet, bleift den Ament e Geheimnis.