Parlamentaresch FroBaulandreserv ass ok, mee gréisstendeels gouf nach kee PAP akzeptéiert

RTL Lëtzebuerg
Wann iwwer d'Logementskris Rieds geet, gëtt och dacks vu méi séierem Baue geschwat - mee op wéi enger Fläch ass dat am Grand-Duché nach dran?
© Archiv

Et sinn aktuell ronn 5.700 Hektar Bauland fir Wunnzwecker disponibel, seet de Wunnengsbauminister Kox, woubäi awer 64% vun deenen Terraine Privatpersoune gehéieren - nëmme 15% vum Bauland (621 Hektar) sinn an ëffentlecher Hand.

Grondsätzlech kann een dem Minister Kox no soen, datt den Undeel un der ëffentlecher Baulandreserv iwwert d’Joren an d’Luucht gaange wier opgrond vun der aktiver Fonciersstrategie vun der Regierung. Esou wier den Taux vu ronn 8% am Joer 2013 op 15% zejoert geklommen.

Vun de 621 Hektar Wunnbauland ass am ganzen eréischt op 144 Hektar e PAP akzeptéiert ginn.

47 Hektar dovunner gehéiere Gemengen, 15 Hektar dem Staat an Hektar de béide staatleche Fongen. Dat heescht, datt op 477 Hektar Wunnbauland an ëffentlecher Hand nach kee PAP akzeptéiert gouf.

Dës Chiffere liwwert de grénge Wunnengsbauminister Kox op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.

Back to Top
CIM LOGO