
Et waren zejoert domat liicht manner Tëschefäll wéi déi Jore virdrun, wou déi Zuel tëschent 10 a 14 louch.
Iwwerdeems hunn d’Justiz-Autoritéiten d’lescht Joer 6 Ufroe gemaach, fir Videomaterial wéinst sexueller Belästegung vu Passagéier ze kréien.
Déi Zuelen nennt de Mobilitéitsminister François Bausch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéiert Jessie Thill.