An dat virun allem elo wärend der Pandemie. D'Sofia, deem säin Numm mir geännert hunn, huet 16 Joer a steet um Ufank vun der Pandemie mat zwee Féiss am Liewen. Danzen ass seng grouss Leidenschaft. Problemer mam Gewiicht hat d'Schülerin nach ni, ma an awer léist déi vill Zäit Doheem eppes an him aus.
Hatt fänkt un, mat sengem Brudder méi Sport ze maachen a sech méi gesond ze ernären a verfänkt sech lues a lues an deem Däiwelskrees, dee sech „Anorexie" nennt.
No der Summervakanz, also bal en halleft Joer drop, ass dat jonkt Meedchen u sengem schlëmmste Punkt ukomm. Säin Alldag dréint sech nëmmen nach drëm, wéi wéineg et packt z'iessen.
Am November 2020 kënnt d'Sofia mat nëmmen nach 35 Kilo op Esch an d'Dagesklinik vun der Jugendpsychiatrie. Hei verbréngt hatt an enger éischter Phas säin Alldag vu moies hallwer 8 bis nomëttes hallwer 4.
Iwwert d'Joren hätt ee kéinte gesinn, dass virun allem d'Form vun der Dagesklinik méi nohalteg a laangfristeg Effekter an der Therapie mat sech brénge géing, wéi wann d'Jugendlecher ganz aus der Famill gerappt a stationär behandelt ginn. Ma sou vill Undrang wéi dat lescht Joer hätt een awer nach net gesinn.
12 bis 13 Jonker kéint een den Ament an der Dagesklinik behandele. Ma an der Tëschenzäit wieren der och scho bis zu 15, déi gläichzäiteg do wieren. An d'Waardelëschte si laang. Zwar geet am September um Kierchbierg déi nei Dagesklinik mat 20 méi Plazen op an awer géing dat net duergoen.
Ganz dacks hätte Betraffener e schlecht Bild vu sech selwer, dat och gedriwwen ass vum Bild, dat d'Gesellschaft vun enger Fra huet. 90% vun de Betraffenen, déi eng Iessstéierung wéi Magersucht entwéckelen, wieren nämlech Fraen.
No bal 8 Méint Therapie kann d'Sofia elo nees zwee Deeg an der Woch an d'Schoul goen an ass weiderhin 3 Deeg zu Esch an Therapie. Him geet et elo besser an et fält him méi einfach, iwwert seng Krankheet ze schwätzen. Hatt wëll anere Betraffene mat dësem Interview hëllefen a soen, dass si net eleng sinn an et sech lount ze kämpfen.