
Nom Protestpiquet d’lescht Woch huet d’Personaldelegatioun e prinzipiellen Akkord mat der Direktioun fonnt. Fir dëst Joer ginn et Primmen an aner Primme ginn an d’Luucht gesat. D’nächst Joer sollen d’Salairë bei Coca Cola Lëtzebuerg ëm 1,4 Prozent klammen an et gëtt en zousätzleche Congésdag.