Teleconsultatioun amplaz PraxisBei Corona-Verdacht soll een net bei de Generalist goen

Claudia Kollwelter
Wie Symptomer huet, déi op eng Corona-Infektioun hindeiten, soll op d'Teleconsultatioun zeréckgräifen.
Teleconsultatioun amplaz Praxis
Bei Corona-Verdacht soll een net bei de Generalist goen.

Déi Consigne gëllt och haut nach, dat huet den Dr. Valentin Hajek vun der Santé am RTL-Interview betount. D'Teleconsultatioun ass en Outil, deen noutgedrongen duerch d'Corona-Kris entstanen ass a wärend der éischter Well vum Virus massiv genotzt gouf. An de leschte Méint ass manner drop zréckgegraff ginn.

Extrait Valentin Hajek

Zanter Mëtt Juli gouf de neie Site vun der esanté lancéiert, duerch deen zum Beispill den Transfer vun Donnéeën un eng Apdikt oder e Labo geséchert ass. D'Teleconsultatioun soll dem Direkter vun der CNS a vun der Agence ésanté an Zukunft awer éischter d'Suite vun enger normaler Consultatioun sinn. De Christian Oberlé:
"Och do soll den Dokter seng Patienten natierlech heiansdo gesinn. Mee dertëscht kéint dat och op Distanz gemaach ginn, och fir d'Leit ze protegéieren. Ideal wier dat a Presenz vun engem Soignant an der Maison de soin, fir dat eent oder anert wat de Patient seet, dat dem Dokter ka mat weiderginn. Fir datt déi Consultatioun praktesch déi nämmlecht Qualitéit kritt wéi wann de Patient beim Dokter wier."

A spezifesche Fäll, wéi bei eelere Leit an Alters- a Fleegeheemer, kéint ee sech virstellen, den Outil weider anzesetzen.

Mëtt Juli gouf de neie Site vun der esanté lancéiert. Den Hervé Barge, Generaldirekter vun der Agence ésanté betount, datt duerch déi aktualiséiert Plattform den Transfert vun Dokumenter méi sécher ass a nennt d'Beispill vun enger Ordonnance fir d'Apdikt:
"Elle arrive directement par un espace où il y a plus de rupture. C'est envoyé directement sur cet espace. Ce Covid aura au moins eu l'avantage d'accélérer les processus de dématérialisation."

Aktuell sinn eng 650 Dokteren um Site vun der ésanté enregistréiert a ronn 7.500 Patienten hunn e Kont opgemaach.

Teleconsultatiounen / Rep. Claudia Kollwelter

Back to Top
CIM LOGO