Wéi a ville Beräicher feelt et och bei den Archivisten un Nowuess. Zanter dem Archiv-Gesetz vun 2018 wär d’Nofro un neie Mataarbechter an d’Luucht gaangen, seet d’Corinne Schroeder, d’Presidentin vum Veräin vun de Lëtzebuerger Archivisten.
D’Corinne Schroeder schafft um Helleg-Geescht-Plateau am Staatsarchiv a wënscht sech, datt méi Jonker sech géinge fir dee Beruff interesséieren. Well den Nowuess hei am Land feelt, geet een d’Mataarbechter dacks an d’Groussregioun sichen.
“Et feelt eis awer dann oft den typesch lëtzebuergesche Mataarbechter, an deem Sënn, datt mir awer e ganz spezifescht Archivgesetz hunn, e ganz spezifesche legalen an historesche Kader an do wier et scho flott, wa mer méi Nowuess géife kréien”, esou d’Corinne Schroeder. “Mir géingen et och begréissen, wann eng Formatioun an deem Sënn hei zu Lëtzebuerg op der Uni géif ugebuede ginn, fir dee Beruff de Leit méi nozebréngen.”

De Max Ribeiro huet e Bachelor an der Geschicht vun der Uni.lu an hien huet duerno säi Master an Archivistik zu Louvain-la-Neuve gemaach.
Zanter ronn engem Joer schafft de Max Ribeiro fir d’CFL. Hien ass responsabel fir d’Archive vun der Eisebunn. Zanter Abrëll existéiert och en Accord tëscht den CFL an den Nationalarchiven.
Den Job wier ganz ofwiesslungsräich, seet de Max Ribeiro, keen Dag wier wéi deen aneren. Et wier schued, datt de Beruff bei ville Leit e verstëbsten Image huet.