
Bei der Pensiounskeess war de Chaos ugekënnegt. Esou reagéieren déi Lénk op Berichter um Méindeg de Moien hei op RTL an um 100,7. Aus internen Dokumenter, déi eis virleien, geet ervir, datt d’Mesuren, déi d’CSV-DP-Majoritéit kuerz viru Joresenn decidéiert huet, fir d’CNAP vill Kappzerbrieches a vill méi Aarbecht duerstellen.
An hirem Communiqué weisen déi Lénk drop hin, datt hiren Deputéierte Marc Baum am Virfeld vum Vott an der zoustänneger Chamberkommissioun op eng Rei Problemer higewisen hätt, déi “schlecht geschriwwen Texter” mat sech géinge bréngen.
Fir eng “onnëtz” Reform ëmzesetzen huet d’Ministesch Martine Deprez 100 zousätzlech Beamte versprach. Déi Lénk fuerderen nach emol, datt d’Beamten net iwwert d’Cotisatiounen, mee iwwert de Staatsbudget bezuelt ginn.
Reportage vum François Aulner vun e Méindeg de Moien