"Rentereform"CNAP mat Kappzerbrieches a vill méi Aarbecht konfrontéiert

François Aulner
D’Pensiounskeess deet sech RTL-Informatiounen no schwéier mat de Mesuren, déi d’CSV-DP Majoritéit kuerz viru Joresenn gestëmmt huet.
© RTL

D’CNAP ass op Héichtueren amgaang, déi ëmzesetzen an no Léisungen ze sichen. Aus enger Rei internen Dokumenter vun Oktober an Dezember, déi eis virleien, geet nämlech ervir, datt déi sougenannt Reform juristesch Risiken a vill zousätzlech Aarbecht duerstellt. Se gi Bedenke vun de Gewerkschafte virum Vote gréisstendeels Recht.

480 +n Méint

Vill Kappzerbrieches huet d’CNAP besonnesch wéinst der progressiver Rent. Dann awer och mat der progressiver Hausse vun de Cotisatiounsméint bei der Fréirent – der Retraite anticipée mat 60 Joer. Bis elo konnt ee mat 57 oder 60 an d’Fréirent goen, wann ee 480 Méint – oder 40 Joer – cotiséiert huet. Déi sougenannt Reform gesäit vir, datt bei der Fréirent mat 60 Joer iwwert déi nächst Joren d’Durée progressiv eropgeet, fir am Joer 2030 op 8 Méint méi ze kommen. De Problem ass awer: Déi nei gesetzlech Dispositioune géinge keng eendeiteg Interpretatioun erméiglechen. Am Text steet “déi Durée”, mee d’CNAP ass zum Schluss komm, datt eigentlech esouwuel d’480 Méint missten erwäänt sinn, ewéi den Alter vu 60 Joer.

An enger Powerpoint-Presentatioun vun der CNAP gëtt d’zentral Fro mat engem Beispill illustréiert vun enger Persoun, déi den 1. Januar 1970 gebuer ass, tëscht 18 a 25 Joer studéiert huet an duerno schaffe gaangen ass. Déi Persoun erreecht eng Carrière vu 480 Méint den 1. Januar 2028, mat 58 Joer. D’CNAP freet sech, ob déi Persoun dee Moment da véier Méint méi muss leeschten, fir seng Rent ze kréien, oder ob se am Joer 2030, da mat 60, aacht Méint méi, oder ëmgedréint guer keng zousätzlech Méint?

Trotz juristesche Risiken, also eventuelle juristesche Recoursen, huet d’Direktioun vun der Pensiounskeess decidéiert, et esou z’interpretéieren: D’480 Cotisatiounsméint ginn ëm déi respektiv Méint gehéicht a Funktioun vum Joer, an deem déi 480 Méint erreecht ginn an den Alter vu 60 Joer erreecht ass.

Pension progressive = 25% méi Aarbecht fir d’CNAP ?

Kappzerbrieches gouf a gëtt et dann och wéinst der progressiver Pensioun - an anere Wierder wann een ënner Conditioune weiderschafft, obwuel ee schonn hätt kënnen an d’Pensioun goen. Hei ginn et Diskussioune mat de Patronen, ewéi et schéngt. An engem Dokument steet: D’CNAP schwätzt sech fir en direkte Virement un den Assuré aus an net un den Employeur. Egal ewéi wäerten eng ganz Rëtsch Kontrolle gemaach ginn.

Déi progressiv Rent stellt der CNAP no virun allem vill zousätzlech Aarbecht duer – am Oktober huet se mat 25% méi gerechent. Net just wéinst de Kontrollen, mee och eleng, well se d’Dossiere vun deene Leit, déi eng progressiv Rente wëllen, berechne misst fir Zertifikater kënnen ze ginn, déi notamment fir den entspriechende steierlechen Abattement néideg sinn. Hei hunn d’CNAP an d’Steierverwaltung misse Léisunge fannen, wat, ewéi et schéngt, am Dezember deels geschitt ass.

Aner Problematike wieren dann och duerch déi ongewéinlech Studiegäng z’erwaarden. Ewéi wann de Rentesystem duerch d’Reform vun 2012 net schonn extrem méi komplex gemaach gi wier. Dem deemolegen Direkter vun der CNAP no kéinte Renten net manuell berechent ginn.

Ëmsetzung op Héichtouren

Op Nofro hin huet d’CNAP ons matgedeelt, datt se méi prezis kéinten äntweren, wa se d’Analyse vun all de Problematiken ofgeschloss an d’intern Prozeduren ugepasst hätt an den Assuréeë kloer Instruktioune kéint ginn. Allerdéngs huet se scho vill Informatiounen op hirem Internetsite verëffentlecht, dorënner eng Demarche op guichet.lu, fir d’progressiv Rente unzefroen.

D’Sozialministesch Martine Deprez sot den 19. Dezember bei eis op RTL, datt d’Reform natierlech méi Aarbecht géing mat sech bréngen, mee net an deem Ausmooss ewéi geduecht géing ginn. D’Ministesch huet och deklaréiert, datt eng progressiv Rent schonn am Ufank vum Joer kéint ugefrot ginn, mee se eréischt 4 Méint drop fréistens a Kraaft kéint trieden.

Si sot dann och, datt d’CNAP méi Leit kritt. De Plaffong, fir Leit anzestellen, wier gehuewe ginn – ëm wéi vill nei Mataarbechter, konnt si net soen. Am Reglement steet eng Hausse ëm 100 Leit. Laut Joresrapport hat d’CNAP am Joer 2024 en Effectif vun 242 Agenten.

Politesch waren d’Debaten ëm eng Pensiounsreform jo ganz gelueden. D’Regierung war no der grousser Manif zeréckgeruddert. Um Enn ass et d’Cotisatiounserhéijung vu 0,5% fir Assuré, Patron a Staat déi Mesure, déi de System finanziell am meeschten entlaascht.

Back to Top
CIM LOGO