Op frëscher Dot erwëschtBei der Stater Gare goufen direkt e puer Dealer gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Am ganze goufen 23 Kokain- an 10 Heroinbulle bei den Dealer fonnt.
© RTL

Ugangs der Woch konnt d'Police op der Stater Gare 3 Drogendealer festhuelen, dat quasi wärend deem d'Droge verkaaft goufen.

Op Uerder vum Parquet hu sech déi 3 Männer misste vun engem Scanner duerchsiche loossen. Am Ganze goufen 23 Kokain- an 10 Heroinbulle fonnt an den 3 Dealer ofgeholl.

De Parquet huet ordonnéiert, fir d'Männer festzehuelen an uschléissend dem Untersuchungsriichter ze presentéieren.

Back to Top
CIM LOGO