
Dobäi goufen eng 300 Automobiliste kontrolléiert. Fënnef vun hinnen sinn ënner Drogenafloss Auto gefuer, eng Persoun hat kee valabale Permis a bei 11 waren d’Pabeieren net all an der Rei. Weider hate sechs Gefierer futtis Luuchten.
Nieft de Beamte vun der Police waren och dräi Hënn vun der Hondsstaffel bei de Kontrollen am Asaz.