
80 Prozent vun de Leit, déi kontrolléiert goufen, hate géint d'Ausgangsspär verstouss an hunn dofir misste bezuelen.
D'Police war och op verschiddene Plazen ënnerwee, fir ze kucken, ob déi sanitär Mesuren agehale ginn a keng Mënschemassen op engem Coup stinn. Ënner anerem gouf dat a Supermarchéen an anere Betriber de Fall. 6 Mol goufen da Leit protokolléiert, well si sech net un d'Mesurë gehalen hunn. Déi kann een iwwregens um Site vun der Police noliesen.
