HollerechBei Sträit mat enger Staang an der Hand opgefall, illegal um Territoire
Géint 17.30 Auer um Sonndeg war et ee Sträit um Boulevard Dr Charles Marx tëscht 2 Männer. Ee vu béide wollt deen anere mat enger Staang schloen.
Wéi d’Beamte komm sinn, koum eraus, datt den Ugräifer illegal am Grand-Duché ass. D’Police an den Ausseministère goufen a Kenntnis gesat. D’Persoun gëtt festgehalen, bis se zréckgefouert ka ginn.