Zu Schëffleng a RollengBei zwee versichten Abréch konnten d'Täter gehënnert ginn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police e Méindeg mellt, haten de Weekend nees Onéierlecher probéiert, an zwee Eefamilljenhaiser anzebriechen - dat awer ouni Succès.
© RTL Archiv

Zu Schëffleng hat e Sonndeg en onbekannten Täter d’Terrassendier vun engem Haus an der Rue Basse opgebrach. Éischten Erkenntnisser no gouf dësen awer wuel duerch eng Luucht, déi mat Beweegungsmelder ugeet, erschreckt, wouropshin den Onéierleche geflücht ass.

Bei engem weideren Abrochversuch de selwechten Owend géint 22.25 Auer an en Eefamilljenhaus an der Rue du Titelberg zu Rolleng hat en Täter probéiert, d’Hausdier opzebriechen, wéi dëse vun engem Awunner iwwerrascht gouf. Eng Sich nom Abriecher hat kee Succès.

A béide Fäll goufen Ermëttlunge lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO