
D'Zäite vun de Suggestioune sinn eriwwer - mir brauche Geboter a Verbueter. De Mouvement écologique seet et géing elo duer. Beim Klimaschutz misst endlech konsequent gehandelt ginn. Do wier d'Klimaschutzgesetz awer och den definitiven Energie- a Klimaplang ze nennen, dee bis d'Enn vum Joer op Bréissel geschéckt muss ginn.
Mam Klimaschutzgesetz a mam Energie- a Klimaplang misst e klore Kader geschaaft ginn, esou d'Blanche Weber. Fir d'Mouveco-Presidentin mussen och politesch Tabuen endlech ugepaakt ginn.
Dem Blanche Weber no wier d'Besteierung vun den Déngschtween total iwwerholl. D'Besteierung vun Neiween op Basis vum CO2-Ausstouss wär nach ëmmer net propper gereegelt an et hätt een och nach ëmmer keng Kerosin-Steier am Fluchverkéier.
D'Aféiere vun enger C02-Steier ass fir de Mouveco zum Beispill een absoluten „Must“. E Paradigmewiessel an e Strukturwandel wieren néideg an d'Leit wiere prett, fir mat op dee Wee ze goen. Pro Secteur missten Ziler an och Tëschenziler definéiert ginn. Och sollte gewësse Gremie geschaaft ginn, fir d'Anhale vun den Ziler ze kontrolléieren. Ziler, déi en cours de route och kéinten ugepasst ginn, awer just an eng Richtung, sou d'Claudia Mohr vum Mouveco. Ziler kéinten nëmmen no uewe korrigéiert ginn. Et kéint also net sinn, datt eng Regierung, wa se mierkt, datt se d'Ziler net packt, déi einfach erofsetzt, sou nach d'Claudia Mohr nach.
Eng weider Revendicatioun vum Mouvement écologique ass déi, datt ëmweltschiedlech Subventiounen endlech missten ofgeschaaft ginn.
De Mouveco verlaangt op alle Fall, datt ee sech elo een zolitte Kader gëtt, deen och juristesch d'Strooss hält. D'Zäit géing eis op alle Fall fortlafen.