Reaktioune vun de Gewerkschaften op d'WalresultatBeim LCGB hält ee sech bedeckt, den OGBL weist sech besuergt

Anne Wolff
Lëtzebuerg huet gewielt, an domat ass den éischte Schratt fir d'Ausriichtung vum Land iwwert déi nächst 5 Joer gemaach.
Beim LCGB hält ee sech bedeckt, den OGBL weist sech besuergt
Lëtzebuerg huet gewielt, an domat ass den éischte Schratt fir d’Ausriichtung vum Land iwwert déi nächst 5 Joer gemaach.

Nach steet keng Koalitioun, mee et féiert wuel kee Wee méi laanscht d’CSV. De Grand-Duc huet de Luc Frieden e Méindeg den Owend als Formateur vun der neier Regierung ernannt. Rechneresch wier eng schwaarz-rout oder schwaarz-blo Koalitioun méiglech. Woubäi déi zweet Optioun wuel besonnesch dierft dem Patronat entgéintkommen. D’Gewerkschaften iwwerdeems hale sech bedeckt: Fir den LCGB wier et kee Sympathieconcours, erkläert de President Patrick Dury. Et wéilt ee sech egal wéi fir d’Salariéeën asetzen. Déi wieren awer mëndeg Bierger a bräichte keng Recommandatioun vun der Gewerkschaft.

E bësse méi däitlech gëtt ee beim OGBL. D’Presidentin Nora Back weist sech besuergt iwwert dat méi rietst Walresultat, a stellt sech op méi schwiereg Tripartiteverhandlungen ënnert engem Luc Frieden an. Den CSV-Spëtzekandidat hat am Virfeld gesot, hie géif sech net scheien, och emol mat der Fauscht op den Dësch ze schloen. Dofir misst een elo oppassen, dass d’Intresse vun de Salariéeën weiderhi vertruede ginn. Ma och mat der Aarbechtszäitflexibiliséierung vun der DP war d’Gewerkschaft guer net d’Accord.

Am Fall vun enger schwaarz-bloer Koalitioun dierft et deemno Diskussioune ginn.

Back to Top
CIM LOGO