
Ufank Juni gouf de Gerson Rodrigues beim nordmazedonesche Rekordchampion Vardar Skopje virgestallt. Ufank September ass d'Aventure schonn nees eriwwer. Nodeems den 31 Joer ale Stiermer zanter dem 9. August net méi am Kader vun der Ekipp stoung, hat sech den Depart schonn ugedeit. En Donneschdeg huet de Gerson Rodrigues an enger Story op Instagram matgedeelt, datt een an Zukunft op säi Wonsch hi géing getrennte Weeër goen.
Wéi et fir de Gerson Rodrigues elo weidergeet, huet hien a senger Story nach net verroden.