Drauwelies mat super Qualitéit, manner Quantitéit"D'Lies fänkt ëmmer méi fréi un"

Christophe Hochard
Zanter Enn August si vill Wënzer mat der Drauwelies amgaangen. Rieds geet vun enger extreem gudder Qualitéit.

Vill Privatwënzer hu schonn Enn August mat der Drauwelies ugefaangen. Dat gouf et nach ni op der Lëtzebuerger Musel. "Tendenziell gesäit ee jo, dass et ëmmer méi fréi gëtt. Ech sinn ëmmer Mëtt September liese gaangen. Déi lescht Joren ëmmer méi a Richtung Ufank September. Wou mäi Papp nach d'Wéngerte gemaach huet an d'Drauwen ofgeliwwert huet, déi hunn ëmmer ëm den 20. September ugefaangen. Also nom Riesling Open. Mëttlerweil fält dëse matzen an d'Lies", esou de Jeff Konsbrück, den neie President vun de Privatwënzer um RTL-Mikro.

2026 géif eng exzellent Qualitéit ginn. "Un der Séisst vun den Drauwen erkennt een dat an och wann een d'Analyse gesäit, de pH-Wäert an och d'Spill tëscht Äppel- a Wäinsäier, dat ass optimal, een Drëttel zu zwee Drëttel. Wann et net grad esou zeideg ass, dann ass d'Äppelsaier méi héich an dat schmaacht een dann och."

No zéng Deeg an der Lies kucken d'Privatwënzer ganz zouversiichtlech Richtung Schluss vun der Drauwelies. Ëm de 17. September wäre si fir dëst Joer fäerdeg.

D'Wënzer vun der Vinsmoselle hunn den 3. September an de Wéngerten ugefaangen. "D'Situatioun ass u sech esou, wéi mir se erwaart haten. Duerch déi Canicule war et enorm dréchen. Mir wäerte schonn e gréissere Verloscht hunn. Rieds geet vun 30 bis 40 Prozent. Drauwen hu manner Jus, manner kompakt, manner déck", esou de President vun der Vinsmoselle, Josy Gloden.

Duerch d'Hëtzt wär den Zockergehalt an den Drauwen dëst Joer allerdéngs ganz héich. "Wéinst dem dréchene Summer war de Krankheetsbefall ganz geréng", esou nach de Josy Gloden am RTL-Gespréich.

Am Joer 2003 gouf och fréi mat der Drauwelies ugefaangen. Deemools war et och den 3. September, wou d'Wënzer vun der Genossenschaftskellerei an d'Lies goungen. "Déi lescht Joren hu mir ëmmer tëscht dem 10. a 15. September ugefaangen. Virun 20, 30 Joer hu mir eréischt nom 20. September ugefaangen. Deelweis si mir eréischt Enn September an d'Lies gaangen", esou nach de Vinsmoselle-President.

Back to Top
CIM LOGO