
De Buergermeeschter vu Saint-Just Saint-Rambert huet offiziell e Fluchverbuet fir Tigermustiken iwwert senger Gemeng ordonéiert. "Am Hibléck op d'Tatsaach, dass hir widderhuelt niddereg oder kreesfërmeg Flich an hir Stéch Roserei a Verzweiwlung ervirruffen, wieren dës vun elo un ënnersot", heescht et am Uerder Ufank September. All Tigermustik, déi sech net drun hält, muss mat "strofrechtlecher Verfollgung rechnen".
Bis ewell wier nach keng Mustik festgeholl ginn, sou de Buergermeeschter Olivier Joly en Donneschdeg géintiwwer der Noriichtenagence AFP. "De Sujet ass souwuel witzeg wéi och doudeescht, déi kleng Kreature kënnen engem d'Liewe schwéier maachen."
Nieft dem Fluchverbuet gëllen awer och fir déi ronn 15.000 Awunner vu Saint-Just Saint-Rambert besonnesch Virschrëften. Et dierf een zum Beispill keen Eemer Waasser stoe loossen an et si keng Telleren ënner Blummendëppen erlaabt. D'Gemengeverwaltung huet 45.000 Euro zur Verfügung gestallt, fir de Mustiken de Kampf unzesoen. Mat deene Sue solle Fale fir d'Mustike kaf ginn, awer och Fliedermaus-Këschten an Näschter fir Schmuewelen, déi sech vun dësen ernären. Jiddereen am Uert misst en Deel dozou bäidroen, déi kleng Plogeeschter lasszeginn, betount de Buergermeeschter. Hie verweist drop, dass Mustike sech an der Reegel an engem Ëmkrees vun héchstens 150 Meter vun där Plaz ophalen, op där se gebuer goufen.
A Frankräich breet sech d'asiatesch Tigermustik ëmmer méi aus, se kënnt awer och schonn an Deeler vun Däitschland vir an och hei am Land. Dës Mustik ka Krankheetserreeger wéi den Chikungunya-, Dengue- oder Zikavirus op Mënschen iwwerdroen.