Doduerch wier ee bei der Croix Rouge ënnert dem minimale Seuil u Bluttkonserven, déi ee gären hätt. Grënn sinn d’Spender, déi krank sinn oder d’Vakanzenzäit. Mei Informatiounen ginn et op www.dondusang.lu
Et ginn tëscht 13.000 a 14.000 Dausend Bluttspender hei am Land. Mat der Populatioun, déi wiisst, fänkt et u knapps ze ginn.
Wann ee wëll Bluttspender ginn, däerf een net méi jonk ewéi 18 a net méi al ewéi 60 Joer sinn.
Ass ee bis am Pool vun de Bluttspender dran, kritt ee reegelméisseg Courrier. Dëst ass d’Invitatioun, fir sech picken ze kommen.
Allerdéngs ginn et och Situatiounen, wou een als Bluttspender fir een Ament op d’Ersatzbänk gesat gëtt. Krankheeten, Medikamenter a Reese spillen hei eng Roll.
Als Fra däerf een dräimol am Joer Blutt spenden, d’Hären eemol méi. Dat huet mam Bluttvolume ze dinn.
Blutt spende kann een op e puer verschiddene Plazen hei am Land. An der Stad Lëtzebuerg ass dëst nieft dem Siège vum Roude Kräiz am Stater Park de Fall. Op ass vu méindes bis freides moies vun 8 bis nomëttes 4. Mëttwochs an Donneschdes ass bis owes 6 op.
D’Bluttspender hunn eng wichteg Roll an eiser Gesellschaft.