
Betraff ass de Kéis “Abdij Abbaye Zacht - Tendre” 175g mam Oflafdatum 6. Juni 2022. Et kéinten nämlech “Listeria monocytogenes” an dësem Produit dra sinn.
Clientë kréie geroden, de betraffene Kéis net ze consomméieren, mä an de Buttek zeréckzebréngen. Och ouni Keesenziedel ginn d’Keefer rembourséiert, schreift Aldi op hirem Site.
“Listeria monocytogenes” kënne Kappwéi, Féiwer oder eng Daarmgripp ausléisen. Vulnerabel Leit a jonk Kanner kéinten esouguer ënner neurologesche Symptomer leiden. Eng Daarmgripp kéint e puer Stonne bis 3 Deeg no der Consommatioun optrieden. Betraffe Leit, déi dëse Kéis consomméiert hunn an ënner Symptomer leiden, kréie geroden, hiren Hausdokter ze consultéieren.