
Dee krut nach emol vun der Presidentin vum Geriicht op den Zant gefillt an hat, wéi schonn e Freiden, net op all Fro eng Äntwert. Ënnert anerem goung et nach emol ëm en Telefonsappell an der Nuecht vun der Dot vun der Mamm un den Ugekloten.
"Dir sot, dass Der Ären Handy déi Nuecht net bei Iech hat. Beim Untersuchungsriichter hat Der awer gesot, Dir hätt en op Iech gehat", huet d'Riichterin festgehalen. D'Äntwert vum Beschëllegte war, dass hie säi GSM net dem Noper ginn hätt. Wouropshin d'Presidentin vum Geriicht gemengt huet, et kéint ee sech froen, ob den Ugekloten d'Riichter fir blöd géif halen. Dorop koum keng Äntwert méi. Donieft koumen nach emol Froen zu zwee SMSen, an där Nuecht, déi net méi op den Handye vun der Mamm a vum Fils sinn. Hie géif déi wichteg halen, respektiv nëmmen déi, déi zielen, housch et, wéi d'Presidentin vum Geriicht nogehaakt huet, dass d'Mamm sot, hie géif alles halen.
Zur DNA-Spuer um Kliefband, dat net wäit vum verbrannten Auto vum Ana Lopes ewech fonnt gouf, war et d'Ausso vum Beschëllegten, et kéint net sinn, dass d'Police seng DNA hätt, ausser iwwer en Transfer.
D'Riichterin wollt donieft nach wëssen, firwat den Ugekloten eng Kéier geschriwwen huet, dass hie bei de Grand-Duc géif goen. "Fir dass en de System verbessert, dass de Parquet Leit net einfach sou inculpéiere kann", huet de Mann geäntwert. "Sou fonctionéiert de System.", huet d'Presidentin vum Geriicht betount: "Hei zu Lëtzebuerg." war säin Zousaz. Ma och d'Vertriederin vum Parquet hat nach Froen, zum Beispill déi, firwat de Beschëllegte virun der Dot dee selwechte Wee gefuer wär wéi den Auteur vun der Dot 6 Stonnen drop, wourop keng kloer Äntwert koum.
D'Me Roberto, Affekotin vu 4 Parties civillen, huet um Enn vun der Sëtzung nach Schuedenersatz an Héicht vun net grad 290.000 Euro fir de Bouf, de Papp, d'Mamm an d'Schwëster vum Ana gefrot. Donieft sot si, d'Instruktioun hätt ouni Zweiwel d'Schold vum Ugeklote bewisen.
Dëse Prozess geet e Mëttwoch de Mëtte virun.